Invitation: visite de la station d’épuration du Bleesbréck

Sorry, this entry is only available in Français.

D‘ANEIL freet sech, och ons Memberen  op eng spannend an informativ Visitt vun der Kläranlag Bleesbréck anzelueden. Entdeckt, wéi duerch den Ausbau an d’Moderniséierung vun der Anlag innovativ Léisunge fir eng nohalteg Ofwaasserbehandlung ëmgesat goufen.

Am Kader vun der Visitt ginn Iech déi ëmfaassend Bauaarbechten an technesch Innovatioune presentéiert, déi am Laf vun der Moderniséierung realiséiert goufen. Zousätzlech kritt dir Ablécker an d’planeresch a konstruktiv Erausfuerderungen, déi mat der Erweiderung a Moderniséierung vun enger Kläranlag wärend dem Betrib verbonne sinn.

Detailer zur Visitt:

📅 Datum: Freideg, de 17. Januar 2025
⏰ Treffpunkt: 13:30 Auer
📍 Parkplaz: Kläranlag Bleesbréck, rue Clairefontaine (N17), Dikrech
⏳ Dauer: 2 – 2,5 Stonnen
🦺 Sécherheetsausrüstung: Net néideg

Programm:

  • Begréissung an Aféierung an de Moderniséierungsprojet STEP Bleesbréck
  • Presentatioun vun de verschiddene Bauphasen an déi geplangte 4. Reinigungsstuf fir d’Behandlung vu Mikroveronrengegungen
  • Visite vun der moderniséierter Kläranlag mat Erklärunge vun de genotzten technesche Léisungen

Mellt Iech w.e.g. iwwert dëse Link un: https://forms.office.com/e/0mGj1F4Sn8 

Béi « Studiegang » an « Cercel » drot wegl IngSci an.

Umeldeschluss ass en Donneschdeg, den 16 Januar um 16 Auer!

Mir freeën eis, Iech op dëser Visitt begréissen ze dierfen a stinn Iech bei Froe gären zur Verfügung.

Mat frëndleche Gréiss

Lisa Schweig 
Responsable visite
lisa.schweig@aneil.lu

Association Nationale des Étudiants Ingénieurs Luxembourgeois a.s.b.l.