29 October 2026

Invitation: Soirée des Mécènes et Amis de l’Association 2026

Sorry, this entry is only available in Français.

Léif Sponsoren, léif Partner, léif Ënnerstëtzer vun den Aktivitéite vun eiser Associatioun, léif Memberen,

D’Associatioun Ingénieurs et Scientifiques du Luxembourg

huet de Pleséier, Iech ze invitéieren op hier

Soirée des Mécènes et des Amis de l’Association

den Donneschdeg, den 29. Oktober 2026 um 18.00 Auer

am Forum Da Vinci

6, boulevard Grande-Duchesse Charlotte, Luxembourg

Nieft engem kuerze Réckbléck op d’Aktivitéite vun der Associatioun am Joer 2026 – mam Raumfaartsecteur zu Lëtzebuerg als engem vun den Haaptthemen dëst Joer – steet virun allem eisen Éieregaascht am Mëttelpunkt.

De Jean-Luc Lehners ass e lëtzebuergesche Kosmolog an Auteur, deen an Däitschland lieft a schafft. Seng Keynote huet den Titel „Den Ufank vu Raum an Zäit“.

Duerno loosse mir den Owend matt engem Networking-Cocktail auskléngen.

Et géif eis freeën, esou vill wéi méiglech vun Iech begréissen ze kënnen an e flotten Owend matt Iech ze verbréngen.

W.e.g. mellt Iech bis den 23. Oktober iwwer dëse Formulaire un: Umeldung – Soirée des Mécènes et Amis de l‘Association.