Engagéiert Iech am Wëssens-Atelier!

Sorry, this entry is only available in Français.

De Wëssens-Atelier Lëtzebuerg huet sech zënter senger Grënnung am Oktober 2015 zum Zil gesat, Kanner tëscht 8 an 12 Joer fir Technik a Wëssenschaft ze begeeschteren. Duerch kreativ a spilleresch Aktivitéiten erliewen d’Kanner déi faszinéierend Welt vun der Technik a Wëssenschaft. Eis Coursen, déi haaptsächlech zu Schoulzäiten ugebuede ginn, ginn vun eiser eegener Ekipp, an och deels an Zesummenaarbecht matt aneren Enseignanten geleet an sinn gratis fir d’Participanten.

Momentan hu mir nach eng oppe Positioun an eiser Ekipp, wann dir ee kennt deen interesséiert wier, kënnt dir gären dës Job-Annonce weiderleeden.

Fir dëse Projet weider auszebauen, si mir och oppen fir engagéiert Studenten, déi Loscht hunn, eis iwwer e puer Méint (a Voll- oder Deelzäit) ze ënnerstëtzen. Dëst ass eng exzellent Geleeënheet, praktesch Erfarung ze sammelen an e positiven Impakt op d’Bildung vun de Kanner ze hunn.

Zousätzlech invitéiere mir och eis Veräinsmemberen, déi Loscht hätten sech iwwer eng méi laang Zäit bei eis als Benevole anzebréngen, sief et duerch reegelméissegen Unterrecht oder als Aushëllef bei eisen Aktivitéiten. Är Expertise an ären Engagement si wäertvoll, fir d’Kanner op hirem Léierwee ze begleeden an hinnen d’Freed un der Technik a Wëssenschaft ze vermëttelen.

Wann dir interesséiert sidd, Deel vun eiser dynamescher Ekipp ze ginn an d’Zukunft vun de jonke Generatiounen ze gestalten, mellt Iech w.e.g. beim Anne (a.marmann@ingsci.lu).