Eng dresseg Studenten entdecken 19 Entreprisen

Freides den 29. Oktober huet d’ANEIL hier jäerlech Table Ronde organiséiert. Dëst Joer konnte mer d’Table Ronde net um traditionellen Datum vu Karfreiden organiséieren duerch d’Corona Mesuren, allerdéngs war et eis wichteg dat ganzt a Präsens ze maachen, well de Kontakt hei vill besser ass tëschent eise Memberen an eise Partner wéi online.

Sou hunn sech dann och eng 30 Studenten afonnt fir sech bei den 19 Entreprisen iwwer en Stage oder eng Aarbechtsplaz ze informéieren. No dem éischten Deel an deem sech all Entreprise konnt wärend 4 Minutte kuerz virstelle koum et dann zur eigentlecher Table Ronde wou all Entreprise hire klenge Stand hat an a lockerer Atmosphär konnt an d’Gespréich kommen.