Visitt DreSo
Eis Memberen haten den 21 November d’Méiglechkeet, un engem Inhouse Day deelzehuelen, bei deem si en detailléierten an authenteschen Abléck an d’Aarbecht vun Drees a Sommer an an de Bauprojet Jean Monnet 2 kruten.
Den Dag huet zu Mënsbech am Büro vun Drees a Sommer ugefaangen, wou mir mat Muffins, Brezelen a Gedrénks häerzlech empfaange goufen a gemittlech an den Dag konnte starten.
Duerno huet Drees a Sommer sech an engem Virtrag virgestallt an erkläert, wéi si am Beräich vum Bau a Projetsmanagement schaffen. Et war spannend ze gesinn, wéi Planung, Koordinatioun a Qualitéitsmanagement zesummespillen, fir grouss Projeten ëmzesetzen.
Am weidere Verlaf vum Moie krute mir eng Aféierung an d’Welt vum Lean Management an d’Prozessoptimiséierung. Besonnesch flott war dat interaktiivt Lean Spill, bei deem mir zesumme Pizza Stécker ënner Zäitdrock hiergestallt hunn. Dobäi gouf däitlech, wéi séier onkoordinéiert Schrëtt oder onnéideg Beweegungen zu Zäitverloscht féieren a wéi wichteg et ass, Ressourcë gezielt anzesetzen. D’Grondiddi vum Lean gouf domat ganz konkret: d’Ausriichtung vu Prozesser op Zäit, Qualitéit a Käschten. Nom Spill hu mir bei engem gudde Lunch mat Häppchen a Bréitchen d’Geleeënheet geholl, eis auszetauschen a Froen ze stellen. Dësen Deel vum Dag huet fir eng oppen an informell Atmosphär gesuergt, bei där ee vill interessante Gedankenaustausch matgeholl huet.

Am Nomëtteg si mir op de Kierchbierg gefuer, wou d’Chantier Visitt vum Jean Monnet 2 op eis gewaart huet. Op der Plaz hu mir méi iwwer d’Bedeitung vum Gebai geléiert: de Jean Monnet 2 gëtt e grousst Verwaltungsgebai fir d’Europäesch Kommissioun a wäert eng zentral Roll fir Verwaltung, Koordinatioun a politesch Operatioune vu Bréissel aus iwwer Lëtzebuerg spillen. D’Struktur ass op dausende Mataarbechter ausgeriicht a vereenegt modern Bürosflächen, Sécherheetsberäicher a funktional Gemeinschaftsraim.
D’Visitt selwer huet eis eng eenzegaarteg Vue op d’Dimensiounen an d’Komplexitéit vum Bau ginn. Et gouf kloer, wéi vill Koordinatioun tëscht Architekten, Ingenieuren, Bauentreprisen an europäeschen Autoritéiten néideg ass. Op Plang gesäit alles glat aus, mee um Chantier gesäit ee séier, wéi vill Flexibilitéit an Entscheedungsfäegkeet gefrot sinn, fir am Alldag Léisungen ze fannen.
Besonnesch impressionant war d’Méiglechkeet, uewen op de Bau eropzegoen an d’Vue iwwert déi ganz Strukturen ze hunn. Doduerch konnt een sech dat zukünftegt Gebai scho gutt virun Aen halen, och wann et nach e Stéck Aarbecht bis zum Endresultat ass.


Mir soen e grousse Merci un all déi, déi dësen Dag méiglech gemaach hunn an un all d’Participantinnen an Participanten, déi mat hirer Oppenheet an Engagement zu engem beräicherenden Austausch bäigedroen hunn.
Visitt BABOR Beauty Cluster
Den 9. Dezember hat d’Aneil d’Geleeënheet, de Babor Beauty Cluster zu Eschweiler bei Oochen ze besichtegen. Babor ass eng Luxus-Kosmetikmark, déi grousse Wäert op Nohaltegkeet a ressourcëschounend Produktioun leet. An de leschte fënnef Joer konnt d’Firma hiren CO₂-Foussofdrock ëm iwwer 50 % reduzéieren, mat dem Ziel, bis 2030 energetesch autark ze ginn.
Den 2023 opgaangene Beauty Cluster ass eng Demonstratioun vun innovativer an ëmweltbewosster Architektur. Mat engem Energieverbrauch vun 40 % ënner deem vun engem Standardgebai (KfW40) an enger zu 99 % fossilfräier Energieversuergung setzt Babor e staarkt Zeeche fir Ressourcëschounung. D’Gebai gëtt ënner anerem duerch eng Wärmepompel, Wärmeréckgewënnung, 1770 Photovoltaik-Module an en innovativen Energiespäicher mat Autosbatterien (1100 kWh) ënnerstëtzt. Och am Transport setzt Babor op emissionsfräi Elektro-LKWen.


Als Familljebetrib denkt Babor laangfristeg a stellt de Mënsch an de Mëttelpunkt. Beim Plënneren an d’neit Gebai gouf bewosst op maximal Automatisatioun verzicht, fir Aarbechtsplazen ze sécheren. Vill Entscheedungen si net wirtschaftlech motivéiert, mee eng kloer Wäerte- a Nohaltegkeetsentscheedung.
Aktuell ginn am Beauty Cluster Verpackung a Logistik ëmgesat; eng eege Produktioun ass en Ziel fir déi nächst zéng Joer. Besonnesch beandrockt waren d’Membere vun den autonom funktionéierende Gabelstaapler, déi sech selwer orientéieren a Pallette präzis a komplett automatiséiert transportéieren.
Mir soe Babor e grousse Merci fir den oppenen Austausch, déi spannend Ablécker an d’Zäit, déi si sech fir eis geholl hunn.
Welcome Day
Léif ANEIL-Memberen,
Heimat invitéiere mir iech häerzlech op eisen alleréischte Welcome Day!
Dëse fënnt den 20. Dezember am Forum Da Vinci statt an ass en Event, bei deem eis nei Memberen d’ANEIL besser kenneléieren an och ënnertenee Kontakter knäppe kënnen. Natierlech ass dëst Event och fir all aner Member eppes!
De Welcome Day start mat engem Brunch, sou datt een sech bei engem gemittleche Patt mat Kolleg:innen aus anere Stied austausche kann. Uschléissend fënnt eis Assemblée Générale statt, bei där mir de Resumé vum Joer maachen an een Ausbléck op dat nächst Joer ginn.
Mee och no der AG ass dësen Dag nach net eriwwer, mat eisem ANEIL Pubquiz schléisse mir de Programm a gudder Stëmmung of! Hei kenn dir a Gruppen zu maximal 5 Leit (Aneil’s Memberen si prioritär) äert Wëssen an ënnerschiddleche Kategorien austesten a mat bësse Chance flott Präisser gewannen. Fir dass mir och sécher sinn, dass der optaucht froe mir eng Kautioun vu 25€ pro Grupp déi duerno zréckbezuelt gëtt.
Auerzäite vum Dag:
Brunch: 10:00 – 12:30
Assemblée Générale: 12:45 – 15:00
ANEIL Pubquiz: 15:30 – open end
D’Umeldung fir de Brunch fannt dir ënnert dësem Message:
D’Umeldung fir de Pubquiz fannt dir ënnert dësem Message:
Mir freeën eis drop, vill vun iech do ze gesinn !




























