Visitt vum Tagebau
Den 11. Juni hate mir d’Méiglechkeet eis den Tagebau Garzweiler, tëscht Oochen, Köln an Düsseldorf, zesummen unzekucken. Mat engem gelounte Bus si mir als Grupp vun Ooche bis bei den Infozenter vun RWE gefuer. Do krute mir vun eisem Guide, dee selwer vill Jore bei RWE geschafft huet an am Betribsrot aktiv war, ee klengen Iwwerbléck iwwert de Site an d’Aktivitéiten am a ronderëm de Tagebau.
Dëst war eng mega flott Geleeënheet den Tagebeau ze entdecken. Mir soe jidderengem Merci de participéiert huet!
Visitt vum Vëlodrome
De Freiden 3. Juli hat mir d’Méiglechkeet eis de neie Vëlodrome zu Mondorf zesumme mat eise Partner Schroeder & Associés an InCa unzekucken. Mat dobäi waren och den Architektebüro Metaform a Soludec. Sou ass e wierklech interessanten Austosch iwwert d’Iddie vun den Architekten a spannend technesch Léisungen an dësem eenzegaartege Projet entstan zu dem nieft dem Vëlodrome och eng Schwämm an eng Sportshal gehéieren.
Dir kënnt Iech op flott Impressiounen am nächste Bulli freeën. 😉
De Studentebal
Och dëst Joer war d’ANEIL um traditionelle Studentebal vun der ACEL vertrueden. Zesumme mat der ALEM hu mir eise Comptoire dëst Joer sportlech ageriicht a mat verschiddene klengen Challenge konnt een sech dëst Joer dat eent oder anert Gedrénks verdéngen.
Merci un d’ACEL an u jiddereen de bei eisem Stand laanscht komm ass fir de flotten Owend a freeën eis schonn op d’nächst Joer.
Visitt Sebes
De 17. Juli hate mir d’Méiglechkeet eis de Site vun der SEBES (Syndicat des eaux du barrage d’Esch-sur-Sûre) méi genau kennen ze léieren. Bei enger informativer guidéierter Tour duerch d’Anlag konnte vill oppe Froe beäntwert ginn. Den Opwand fir d’Waasser zu Drénkwaasser opzebereeden huet eise Memberen e Bewosstsi verschafft raisonnabel mam Waasser ëmzegoen. E weidert Highlight war dann och Degustatioun vum frësch opbereete Waasser mat der neier Waasserfläsch vun der SEBES.
Mir soen der SEBES Merci fir hir Kooperatioun an natierlech un all eenzele vun eise Memberen di sech di Geleeënheet net entgoe gelooss hunn!



































