Porte ouverte bei der Schlässerei
Den leschten Samschden 21. September war den Wëssens-Atelier am Osten vum Land zu Berbuerg ënnerwee. Dat am Kader vun der Porte ouverte vun der Schlässerei, engem 26-Persounen Betrib deen am Beräich Metallbau aktiv ass. Wärend niewendrun am Atelier grouss Maschinnen an grouss Wierkstécker ze bestaunen waren, konnten d’Kanner déi matkomm waren an eisem Atelier selwer Hand uleeën an hieren eegenen klengen Projet zesummebauen. Passend zum Thema Metallbau war dat entweder een „Knatterboot“, matt als Kärstéck engem Koffer-Rouer, an deem duerch Erhëtzen Waasserdamp produzéiert gëtt, oder eis „pneumatesch Schibedier“. Dat huet net nëmmen de Kanner gefall, mee och hieren Elteren an den Ministeren Delles (Economie) an Gloden (Intérieur), déi de Wee op Berbuerg fonnt haten.
Fuersch duer um Naturparkfest
De 4ten August war d’Ekipp vum Wëssens-Atelier mat engem Stand um Naturparkfest am Parc Housen vertrueden. Ganz nom Motto “Fuersch duer um Naturparkfest”, konnten Grouss a Kleng flott Aktivitéiten rondrem Themen Natur, Energie, Nohaltegkeet, Landwirtschaft, Klima, Flora a Fauna entdecken. An dësem Kontext huet de Wëssens-Atelier d’Thema Wandkraaft mat op d’Fest bruecht. An eisem Atelier konnten d’Kanner sech e Modell vun enger Wandturbin ukucken a verstoen wéi aus Wand elektresch Energie gewonnen kann ginn. Uschleissend hunn sie dunn natierlech och hier eegen Wandmillen gebaut, wat fir grouss Begeeschterung gesuergt huet.