Thursday January 29th, 2026

Den neie Studente-Comité huet och fir 2026 nees vill vir

Sorry, this entry is only available in Français.

Och dëst Joer wäerte mir iech all Mount mat engem Newsletter iwwert eis Aktivitéiten, Annoncen an Events informéieren. De regulären Newsletter wäert ëmmer Enn des Mounts geschéckt gi.

Mat dësem éischten Newsletter 2026 wëlle mir iech follgend Informatioune matdeelen:

  • Opstellung vum neie Comité 2026
  • Réckbléck Welcome Day: Brunch, AG an ANEIL Quiz  
  • Réckbléck vum Wanterpatt  
  • Memberskaart
  • Save the Date: Meeting 3.4.26

Ären neie Comité 2026

Den neie Comité vun der ANEIL wënscht Iech alles Guddes am neie Joer an notzt heimat d’Geleeënheet sech virzestellen:

  • Co-Präsidenten: Till Winzen, Tom Philippe
  • Vize Präsident: Sven Krier
  • Sekretärin: Lucie Charnaut
  • Trésorier: Paul Kersten
  • Sponsoring: Federico Tomasini
  • Informatiker: Pit Hansen
  • Studieninformation: Théo Fonck
  • Publikationen: Chloé Feypel, Marie Federspiel
  • Events: Pit Krantz, Tom Pesch
  • Visitten: Alex Colling
  • Social Media: Pit Faber, Ricco Tornambé
  • Rees: Lucy Seywert
  • Comitésmember: Lisa Schweig

Réckbléck:

20.12.2025: Brunch, AG + Quiz vun der ANEIL

E Samsden den 20. Dezember huet traditionell d’Assemblée Générale vun der ANEIL am Forum Da Vinci stattfonnt. Dëst Joer gouf et fir déi éischt Kéier e Brunch virdru bei dem sech d’Memberen kenneléieren an austausche konnten. Dono goung et dann och scho lass mat der AG.

No engem Joer voller interessanter Aktivitéite war de Réckbléck op den 

Aktivitéitsbericht deementspriechend laang. Dorun uschléissend gouf de Keesebericht vum Joer 2025 virgestallt.

Uschléissend goung et ëm d’Kompositioun vum neie Comité. Mir soen all deenen déi de Comité verlooss hunn op dëser Plaz villmools Merci fir hiert Engagement am Comité a wënschen hinnen all Guddes fir hier Zukunft.

Dono gouf och den neie Comité gewielt.

Hei fannt dir de Rapport vun der Assemblée Générale.

No der AG war och eisen ANEIL’s Quiz. Dobäi hu mir eis Kandidaten:innen a ganz ënnerschiddleche Kategorien op ganz ënnerschiddlechen Niveaue getest, esou dass fir Jiddereen:t eppes dobäi war. Natierlech gouf et och flott Präisser ze gewannen. Mir gratuléieren de Gewënner a freeën eis schonn op déi nächst Editioun.

21.12.2025: Wanterpatt mat der ANELD, ALEM an ANESEC

Den 21. Dezember hu mir eis mat eise Frënn vun der ANELD, ALEM an der ANESEC um Chrëschtmaart op der Kinnekswiss getraff op eng Taass Glühwäin. Mir hunn zesummen e flotte Moment verbruecht an d’Feierdeeg a gudder Stëmmung ageleet.

Mir soe jidderengem Merci fir de flotten Ofschloss vum Joer 2025!

Memberskaart

Mir bieden Iech w.e.g. drun ze denken är Memberskaart fir dëst Joer ze verlängeren, fir weider un eisen Eventer deelzehuelen.

Iwwerweist dofir w.e.g. 5 € wann dir Membre Actif a 10 € wann dir Membre Adhérent sidd op eise Konto IBAN LU54 0019 4200 0727 3000. Kontrolléiert ënnert anerem och ob är Donnéeën nach à jour sinn.

Fir näischt méi ze verpassen kënnt dir d’ ANEIL op follgenden Säiten verfollegen:

Whatsapp Grupp: https://chat.whatsapp.com/Eh4hyjJCEAr1YNKa92chWa
Instagram: https://www.instagram.com/aneiluxembourg/
Linkedin: https://www.linkedin.com/company/94194212/admin/feed/posts/