Thursday January 29th, 2026

De Wëssens-Atelier rullt endlech

Sorry, this entry is only available in Français.

Zenter Mëtt Dezember ass de mobille Wëssens-Atelier an de Gemengen uechter Lëtzebuerg ënnerwee. Ugefaange mat Hiefenech, an dann dëst Joer zu Péiteng, Helperknapp, Wëntger, Réimech, Préizerdaul an sou virun. Mir kommen elo tatsächlech méi op déi Plazen, déi net esou zentral leien, an dat ass gutt esou.

D’Publikatiounen Enn vum Joer ronderëm eist Gefier, zum Beispill op RTL oder am Lëtzebuerger Wort, hunn d’Visibilitéit vun eisen Atelieren och verstäerkt. An esou si mer net nëmme fir dëst Schouljoer scho voll ausgebucht, mee hunn och schonn Interessente fir dat nächst Schouljoer.

Ënnerstëtzung gesicht

Fir nach méi Coursen ze ginn an och fir Ausfäll vun eisen Enseignantë gewappnet ze sinn, siche mer och nach no Ënnerstëtzung.

Ganz konkreet géif et eis hëllefen, wa mir eng Persoun hätten, déi reegelméisseg mat grousse Remorque fiert an och heiansdo emol disponibel wär, fir eis Camionnette matt Unhänger vun A op B ze réckelen, wann de Maurice grad ausfält.

Soss si mir och op der Sich no Studenten oder Bénévolen, déi eis déi eng oder aner Kéier mol gäre géifen ënnerstëtzen, sief et an der Woch oder och de Weekend. Mellt Iech einfach op jobs@wessens-atelier.lu, wann Dir interesséiert sidd!

Eng Sessioun bei Helperknapp: