No Asätz op der Foire Agricole a beim Makercamp vum SNJ am Mariendall, ass eis Ekipp den 2. August um Naturparkfest zu Housen.
„Fuersch duer“ um Naturparkfest (2. August)
De Sonnden 2. August wäert eis Wëssens-Atelier Ekipp beim Naturkparkfest zu Housen dobäi sinn. Dëst Event steet ënnert dem Motto „Fuersch duer“, an den Entrée ass fräi. Mir bauen um Stand Nummer 7 U-Booter a géifen eis freeën deen een oder anere vun Iech matt oder ouni Kanner do begréissen ze kënnen!
Makercamp am Mariendall
No der Editioun vun 2024, war de Wëssens-Atelier och dëst Joer um Ufank vun der Summervakanz beim Makercamp „Op de Spueren vum Daniel Düsentrieb” dobäi, deen all Joers vum Service National de la Jeunesse am Mariendall organiséiert gëtt.
De Maurice huet wärend zwee Deeg matt de Kanner “Navi-Wanzen“ gebaut. Dat war nawell ganz schéi kniwweleg – mee déi jonk Tüftler kruten dat gutt gemeeschtert !
Mini-Ventilatoren tëscht den Traktoren
Dëst Joer war de Wëssens-Atelier och op der Foire Agricole zu Ettelbréck, zesumme mat der Young Timers asbl. Eise Stand stoung matzen tëscht hiren Trakteren, bal e liewegt Archiv vun der Traktergeschicht, an éierlech: eng méi cool Zesummenaarbecht gëtt et net!
Mat de Schoulklassen hu mir Mini-Ventilatore gebaut. Motor, Propeller, Batterie, fäerdeg! Bei där Hëtzt sinn d’Ventilatoren och direkt an den Asaz komm a goufen net nëmmen als Bastelprojet mat heem geholl.
Et war e flotte Weekend mat vill Technik, ale Motoren an Atmosphäre vun da Foire! Merci un de Gilles Heinen aus dem Lycée des Arts et Métiers an un d’Young Timers fir déi flott Zesummenaarbecht. An och merci un eis Studentin, d’Nicole, fir säin Asaz!




































