Am 10. Joer no senger Grënnung huet eise Projet vum Wëssens-Atelier dëse Februar ee wichtege Schrëtt gemaach: zanter zwou Wochen deplacéiere mir eis elo an d’Primärschoulen uechter d’Land fir esou vill Kanner wéi méiglech ze erreechen. Op de Fotoen gesitt der eisen éischten „Asaz“ zu Diddeleng an der Schoul Brill, wou mir eng helle Wull Putzmais a pneumatesch Hebebühnen matt alle Kanner aus dem Cycle 3 gebaut hunn. No der Fuesvakanz si mir elo um Campus Helperknapp. Aner Schoulen, déi dëst Schouljoer nach um Programm stinn, si Bouneweg (Demy Schlechter), Leideleng, Berbuerg, Recken un der Mess, Rolleng, Stroossen, Fenteng a Käerjeng.
Zousätzlech hale mir natierlech och nach weiderhin Kueren op deene Plazen of, wou mir och schon iwwert déi leschte Joren duerften eis Atelieren organiséieren, d.h. am Lycée des Arts et Métiers (Stad Lëtzebuerg), Lycée Edward Steichen (Clierf), Lënster Lycée (Jonglënster) a Lycée Bel-Val (Esch-Uelzecht). Hei komme Primärschoulsklassen aus der Ëmgéigend fir 2-3 Stonne laanscht fir matt eis technesch Wierkstéckerze bauen. An zu Nidderaanwen am Sand ass de Wëssens-Atelier esou guer zu enger permanenter Installatioun ginn.
Eisen eegenen Atelier zu Bouneweg, d’Maushaus, gëtt och reegelméisseg genotzt fir Privatkuere, momentan haaptsächlech an de Schoulvakanzen, an och als „Headquarter“ wou mir eis Kuere preparéieren an eist ganzt Material stockéieren.
De Wëssens-Atelier gëtt also definitiv Gas dëst Joer a mir si frou fir nach méi Kanner fir eis technesch Aktivitéite kënnen ze begeeschteren.













