Thursday June 26th, 2025

De Summer mam Wëssens-Atelier: flott Atelieren fir jonk EntdeckerInnen

Sorry, this entry is only available in Français.

Och am Summer bitt de Wëssens-Atelier eng Rei praktesch Atelieren un, déi Kanner vun 8 bis 12 Joer d’Méiglechkeet ginn, sech op spilleresch Aart a Weis mat techneschen, naturwëssenschaftlechen a kreativen Themen auserneenzesetzen. Duerch d’Bauen ënnert Uleedung vun eisen erfuerene Fachleit léieren d’Participanten nei Fäegkeeten, entwéckele kritescht Denken a léiere, mat Virwëtz un d’Saache erun ze goen.

Op eisem Website fënnt een festgeluechte Coursen op bestëmmten Datumer, fir déi eenzel Participanten sech individuell umelle kënnen. Dës Coursen fannen a priori op Lëtzebuergesch statt.

D’Zuel u Plazen an de fixe Coursen ass op 12 limitéiert – dofir sollt een sech matzäit umellen fir sécher eng Plaz ze kréien. All weider Informatiounen an d’Umeldung fir eis Summercoursen fannt Dir op eiser Websäit: https://www.wessens-atelier.lu/online-courses-program

An wann Dir Kanner kennt, déi dëst Joer beim Mini-Lënster mattmaachen, kënnt Dir hinnen recommandéieren sech deen éischte Méinden oder Dënschden fir ee vun eisen Coursen op der „Uni“ anzeschreiwen > https://paiperlek.lu/en/mini-lenster/

Zousätzlech bidde mir op Ufro Coursen a Workshoppe fir Gruppen un, wéi Maison Relaisen, Scouten oder aner Kannergruppen. Dës kënne beim jeeweilegen Grupp op der Plaz an engem Bastelsall oder Makerspace stattfannen, oder bei eis am Maushaus zu Bouneweg, dat fir praktescht Léieren amenagéiert ass. Si sollen sech einfach per Email bei eis mellen: info@wessens-atelier.lu

Och iwwert dës Email kënnen sech iwwregens Enseignanten mellen, déi am nächste Schouljoer matt enger Klass wëllen bei eis kommen / eis ufroen fir dass mir bei si an d’Schoul kommen. Fir dëst Schouljoer si mir schonn esou gutt wéi fäerdeg, a freeën eis 2025/26 nach méi Schüler kënnen ze gesinn.