Enn September waren e puer vun eise Comitésmemberen op der REEL zu Oochen, fir sech mat Studente vun de verschiddene Cerclen auszetauschen, u Workshops deelzehuelen, Virträg ze lauschteren an natierlech och fir ze feieren a Spaass ze hunn.
Des Editioun vun der REEL huet d‘Thema Gerontokratie behandelt an huet vum 24. bis de 27. September stattfonnt. Den éischten Dag hu mir no der Wëllkommsried un den ACEL Workshops deelgeholl, Partnervirträg gelauschtert an op der Partnerfoire ënnert der Form vun engem Walking-Dinner Kontakter geknäppt. Freides hu mir bei technesche Visitten Ablécker a verschidden Institutioune kritt an duerno d’Stad Oochen duerch e Rallye besser kennegeléiert.
Den Highlight vun der REEL war Samschdes mat der Soirée politique: no enger Aféierung an d‘Thema hunn zwee Ministere Monologe gehalen, an a verschiddene Workshops gouf Diskussiounsmaterial gesammelt, fir déi spéider Diskussiounsronn. Sonndes Moies huet e Brunch stattfonnt an duerno nach eng Visitt, éier d’Reel dann och fäerdeg war.
E grousse Merci geet un de REEL-Comité vun Ooche fir d’Organisatioun vun dësem Event an déi vill flott Momenter!
ANEIL Clubrees 2026
Vum 1. bis de 5. Oktober ass et fir 11 vun eise Membere fir Clubrees op London gaangen. Iwwer fënnef Deeg hu mir vill faszinéierend Sehenswürdegkeeten entdeckt an d’brittesch Haaptstad aus villen verschiddene Perspektiven erlieft.
Um éischten Dag hu mir eis als éischt an eisem Hostel agecheckt, ier mir d’berüümt Tower Bridge besicht hunn an den Dag mat engem gemeinsamen Iessen ofgeschloss hunn. Den Dag drop stoung eng guidéiert Tour duerch d’London Underground – déi éischt ënnerierdesch Eisebunn op der Welt – um Programm. Duerno hu mir nach de British Museum besicht.
Den 3. Dag huet mat engem Besuch am Sky Garden an engem Spadséiergang duerch de liewege Borough Market ugefaangen. Nomëttes hu mir d’Thames Barrier méi genau ugekuckt, déi entworf gouf, fir London virun Iwwerschwemmungen ze schützen. Um Sonndeg hu mir d’Géigend ronderëm Westminster mat senge ville Sehenswürdegkeeten onsécher gemaach. E weidert Highlight de Musical *Matilda* dee mir eis konnten ukucken, ier mir den Owend zesummen am Chinatown verbruecht hunn.
Um leschten Dag war et leider Zäit aus dem Hostel auszechecken mee och nach eng lescht kulturell Erfarung ze genéissen: Mir hunn d’Science Museum besicht, ier eis Rees eriwwer war.
Mir soen de Memberen di mat dobäi waren e grousse Merci an hoffen iech huet et och sou gutt gefall. Bis nächst Joer!






































