Friday March 20th, 2026

D’ANEIL invitéiert eis op hier Visitten am Abrëll bei Creos (3.04.2026) an Airtech (7.04.2026)

Sorry, this entry is only available in Français.

Mir invitéieren iech op eng exklusiv Visite bei der Creos Heichspannungsposten zu Blooren. Dës modern Energieinfrastruktur spillt eng zentral Roll an der Versuergung vum Stroumnetz zu Lëtzebuerg a bitt spannend Ablécker an d’Technologien hannert der Energieverdeelung. ⚡🏗️

📅 Datum 3.04.2026

 ⏰ Treffpunkt 9:45h

 📍 Posten Blooren/Itzeg (geneen Standort kënnt no)

Wat erwaart iech?

⚡ 220 kV Héichspannungsposten

 🔌 Schaltanlagen an Transformatoren am Stroumnetz

 🔄 Transformatioun vum Stroum op verschidde Spannungsniveauen

 🛡️ Sécherheet an Zouverlässegkeet duerch modern Netztechnik

🎟️ Gratis Participatioun – limitéiert Plazen!

➡️ Umeldung: Visitt Creos

Mir invitéieren iech häerzlech op eng exklusiv Visite bei Airtech Europe zu Lëtzebuerg. D’Entreprise ass den europäesche Sëtz vun der Airtech Advanced Materials Group a weltwäit ee Leader an der Fabrikatioun vu Materialien fir d’Produktioun vu Compositedeeler. D’Visite bitt wäertvoll Ablécker fir all Ingenieursstudent an Technologie-Interesséiert. :factory::microscope:
:date:Datum: 7.04.2026
 :alarm_clock: Treffpunkt 9:45h
 :round_drawing_pin:18, Zone Industrielle Haneboesch, L-4562 Differdange, Luxembourg


Wat erwaart iech?
:test_tube:Abléck an d’Produktioun vu Materialien fir Compositedeeler
 :factory: Vakuum- an Infusiounstechnologien an der industrieller Fabrikatioun
 :thread: Materialien wéi Vakuumfilmer, Dichtungsmaterial an technesch Textilien
 :printer: Groussformat 3D-Dréck fir Composite-Tooling



:admission_tickets:Gratis Participatioun – limitéiert Plazen!
:arrow_right: Umeldung: Visitt Airtech