D’ANEIL an der Tschechescher Haaptstad

Sorry, this entry is only available in Français.

Vum 12. bis de 15. September war eng Delegatioun vun der ANEIL zu Prag. Iwwer 4 Deeg war et ee flotte Mix aus kulturellen, historeschen an technesche Visitten. E gudde Patt no engem haarden Dag duerft am Ursprongsland vum Pils natierlech net feelen. Och wann de villen Reen eis et net einfach gemaach huet, an eise Schong net ëmmer dresche bliwwe sinn, war et ee flotten Trip fir dem stressegen Uni-Alldag ze entkommen.

De Startschoss fir d’Aventure Prag huet mat enger immersiver Rees an d’Geschicht ugefaangen. D’Visitt duerch d’Alstad an déi verschidde Keller huet den historeschen an enigmatesche Charme vun der Stad erliefbar gemaach, besonnesch mam Schwéierpunkt op déi lokal Mythen an d’Foltermethoden aus dem Mëttelalter.

De Výtopna Railway Restaurant huet dann ee besonneschen „Touch“ gehat, mat Iessen a Gedrénks, déi vu Modelleisebunne geliwwert goufen – eng flott iwwerraschend Erfarung.

Owes huet den “Pubcrawl” Prag seng bescht Säit gewisen, mat enger grousser Auswiel u Pubs a Bare, déi eng intim a gemittlech Atmosphär a kuerze Strecken offréieren.

Freides ass de Programm mam nächste kulturellen Highlight weidergaangen: engem weidere Tuer duerch d’Alstad mat engem Passage iwwert d’Karlsbréck a weider an d’Wunnvéirel vun der Prager Buerg. Besonnesch d’Jüddescht Véirel huet mat senger Geschicht a sengem Charme d’Visiteure begeeschtert. Den Ausfluch an d’Aarbechtslager Theresienstadt huet zu engem méi rouegen an ergräifenden Deel vun der Rees gefouert. Och wann d’Guidin e bëssen presséiert war, war d‘Erfarung et definitiv Wäert an huet zu engem méi déifgrënnege Verständnis vun der Geschicht bäigedroen. Fir d’Owesiessen an engem tschechesche Restaurant huet de Grupp déi lokal Spezialitéite genoss, och wann d’Vegetarier eng kleng Erausfuerderung mat de Menüoptioune haten.

De Samschden huet mam Besuch vum Techneschen Nationalmusée ugefaangen, eng flott Plaz fir bei schlechtem Wieder déi technesch Fortschrëtter aus verschiddene Beräicher ze entdecke, vun der Loftfaart iwwer Kommunikatioun bis hin zu Astronomie. Méi spéit stoung d’Visitt an der Pilsner Urquell Erlebnis World um Programm. D’Degustatioun huet den Interessi um Béier verstäerkt, besonnesch well d’Visiteuren als Erënnerung eng personaliséiert Fläsch Pilsner kruten. Schued, dass d’Béier Boot-Tour wéinst dem Héichwaasser ausgefall ass, mee dëst huet dem Grupp d’Fräiheet gelooss, Prag nach e bëssen op eege Fauscht ze erliewen.

Fir d’Ofschlossiesse goung et an een indesche Restaurant , an duerno huet Prag mat senge verschiddene Bare an Danzgeleeënheeten d’Visiteuren nach eng Kéier ageholl. Fir déi lescht véier aus dem Grupp ass de Samschden Owend mat engem Besuch an enger moderner Bar ofgeschloss ginn – eng passend Manéier, déi intensiv a geselleg Zäit ze feieren.

De leschte Moie goung di wonnerschéi Rees dunn och lues zum Enn. Leider huet misst de geplangte Brunch opgrond vun engem technesche Problem kuerzerhand geännert ginn. Mat enger flotter Alternativ konnt een den Ofschloss vu Prag awer nach genéissen. No engem räiche Brunch an engem Abschid mat Nostalgie huet sech d’Grupp allerdéngs zefridden op de Wee heem gemaach, beluede mat gudden Erënnerungen.

Dëse  Ausfluch ass net nëmmen eng Rees gewiescht, mä eng eemoleg Erfarung, déi d’Freed um Zesummeliewen, der Immersioun an d’Kultur an dem Genoss vun der Gesellschaft op déi beschte Manéier kombinéiert huet – e flott Erliefnes, dat nach laang wäert a Gediechtnes bleiwe.

EYE Luxembourg 2024

Den 10. -13. Oktober hunn sech jonk Ingenieur:innen an Ingenieurstudent:innen aus ganz Europa zu Lëtzebuerg getraff, fir am Kader vun der 30. European Young Engineers (EYE) Konferenz sech ze vernetzen an auszetauschen. Am Zentrum vum Motto “Luxembourg – Crossing Point of Europe” stoung déi Lëtzebuergesch Industrie an awer och den Afloss vu Lëtzebuerg iwwert d’Landesgrenzen ewech. Dës wor domat och déi éischt EYE Konferenz jeemools zu Lëtzebuerg an och den 30. Gebuertsdag fir d’EYE:

D’Konferenz huet Donneschdenowend mat engem Welcome Event am Forum da Vinci ugefaangen, wou nieft Häppercher an deem engen oder anere Patt, ee Quiz fir déi néideg Stëmmung gesuergt huet. Fir déi eng goung et duerno nach an de Club virun, mee un sech stoungen du Freides am Dag Visitten um Menu: Verschidden Tier hu schwéierpunktsméisseg verschidden Aspekter vun der Industrielandschaft beliicht. Nieft eelere Betriber wéi Arcelor, der CFL oder der Creos stoungen awer och Startups wéi Circu-Li-ion um Programm. Getraff hu mer eis duerno nees all am Forum da Vinci wou dann de Rallye duerch d’Stad ugefaangen huet.

@Kassim Walschbillig

Am Uschloss gouf et dunn e lëtzebuergesche Grillowend “extended” mat Grillwurscht, Kotlette, Blannejang’en, Fritten an Eisekuchen. Natierlech hunn sech duerno nees eng jett Leit an d’Nuetsliewe gestierzt fir da Samschdegmoien um Site vun der uni.lu um Kierchbierg um Dill ze sinn.

@ Kassim Walschbillig

Divers Rieden a Panel Discussions ënnerenaner vum/mat dem Lex Delles, Minister fir d’Ekonomie, PME, Energie an Tourismus an dem Marc Angel, Quaestor am Europaparlament, hu fir interessant Ablécker gesuergt. Weiderhin hu vill verschidde Workshops den Dagesprogramm ofgeronnt.

No enger kuerzer Verschnauwe fir sech prett ze maachen, goung et mam Galadinner an der Abtei Neimënster viru wou mir als Lëtzebuerger et net si loosse konnten eisen internationale Frënn ze weise wéi eng „Dësch an d’Luucht“ geet. Nom Kuch a sëllege Glieser Wäi goung et dunn an der Aula a ugeschlossener Gesellschaft weider wou de Lex (Fleex & Deys) dofir gesuergt huet dass d’Kierch NET am Duerf bleift.

Entspriechend wor dunn de Muséesprogramm um Sonndegnomëtte mat der Expo “Pure Europe” nëmmen nach mäßeg besicht. Duerno huet sech jiddereen op de Wee fir nees heem gemaach.

D’ANEIL seet jidderengem Merci deen un dëser Konferenz bedeelegt war Merci!

Egal ob Participant oder Partner, den EYE Board oder den Orga-Grupp un der Säit vun der ANEIL:

Jiddereen huet säin Deel dozou bäigedroe fir dass d’Konferenz esou een Erfolleg konnt sinn!

40. Anniversaire ACEL

Samschdes de 27. Oktober gouf de 40. Gebuertsdag vun der ACEL gefeiert wou immens vill vun de Comitésmembere vun der ANEIL och derbäi waren.

@ANEIL

Am European Convention Centre hunn sech di verschidde Cerclen wei och Frënn an deemoleg Membere vun der ACEL zesumme fonnt.

Gestart hutt des Seance Academique mat verschidde Speechen éier et weider gaangen ass mat 4 Table Ronden. Verschidden Invitéen hunn iwwert 4 verschidden Theme geschwat an d’Wichtegkeet vun der Representatiounsfunktioun vun der ACEL ëmmer erëm ervir gehuewen.

Duerno goung et weider mat engem Galadinner an engem Gebuertsdagskuch, ier den Owend mat musekalescher Begleedung ofgeschloss gouf.

Happy Birthday ACEL!