🎷 ANEIL Chantier-Visitt: De neie CHL Centre – déi nei Klinik am Häerz vu Lëtzebuerg 🏗️
📅 Datum: 18.04.2025
🕙 Zäit: ca. 10:00 – 12:00 Visitt + Q&A mat Best Ingénieurs-conseils
📍 Treffpunkt: CHL, Route d’Arlon / Val Fleuri, Parking :CHL
Dëst Semester invitéiere d’ANEIL Iech firum Meeting op eng exklusiv Visitt vun enger vun de bedeitendste Baustellen zu Lëtzebuerg: dem neie CHL Centre! Dëse Projet zielt drop of, d’Gesondheetsinfrastrukturen zu Lëtzebuerg z’entwéckelen, ze moderniséieren an z’entlaaschten.
🔍 Wat gëtt gebaut?
Op dësem Chantier ginn d’Strukturen vum ale CHL an der Clinique d’Eich zesummegefaasst a mat engem neie Gebai vereent, dat vum UG4 bis an d’OG8 reecht – mat engem beandrockende Grondfläch vu 125 x 125 m an enger Surface utile vu 54.158 m². Et sinn 476 Better, 18 Operatiounssäll geplangt.
Momentan leeft d’Aarbecht um Réibau UG1 / EG – perfekt also fir eisen Abléck an d’Praxis vum Gros-Oeuvre.
De Projet ass och op Nohaltegkeet ausgeriicht, mat der DGNB Gold Zertifizéierung als Zil.
🔍 Wat erwaart Iech?
• Technesch Visitt vum Chantier (ca. 1h30)
• Q&A-Ronn mat Ingenieuren a Vertrieder vu BEST direkt um Site
• Méiglechkeet fir Froen zu Beruffsperspektiven, Alldag um Chantier a konkreten Erausfuerderunge vum Projet ze stellen
📌 Wichteg Infoen:
• Max. 30 Plazen – schnell umellen!
• Helm gëtt gestallt, falls dir keen privaten Helm hutt
• Séchertsschong mussen selwer matbruecht ginn (obligatoresch!)
• Parking: Am Parking vum CHL (Route d’Arlon)
📝 Umeldung bis spéitstens: den 15.04.2025 um 18:00 iwwert folgende Link
Däin ANEIL-Comité 🧡