ANEIL’S Rees op Kopenhagen 12.-17. Oktober 2022

Sorry, this entry is only available in French.

Auteuren: Felix Rippinger, Christian Thillens & Maly Arens, Edit: Alex Junck

D’ANEIL’s Rees huet dëst Joer Mëttwochs den 12. Oktober ugefaangen an hat als Ziel déi schéin Haaptstad vun Dänemark, Kopenhagen. Vue dat déi verschidde Participanten ob verschiddenen Unie studéieren, respektiv vu Lëtzebuerg aus wollte starten, huet d‘ANEIL jidderengem d’Fräiheet gelooss, säin Transport op Kopenhagen selwer z’organiséieren. Dëst huet och ganz gutt geklappt, mee natierlech koum dofir net jiddereen zur gläicher Zäit un. Sou koum et dat déi éischt scho Mëttwochmoies gelant sinn, respektiv mam Zuch ukomm sinn. Des Participanten, nenne mer se mol Early Birds, hunn dunn vun hirer fréier Urees profitéiert a si gläich mam Zuch op Malmö gefuer, wat dank enger impressionanter Bréck-Tunnel-Kombinatioun ganz schnell an einfach machbar ass. No der klenger Steppvisitt a Schweden hunn mer eis all am Hotel getraff fir eisen éischten Owend zesumme bei engem gudden Italiener ze starten. Do gouf et nieft guddem Iessen och nach live gesongen, italienesch Musek. Den Owend hunn mer dunn an engem Kaffe ausklénge gelooss.

Donneschdegmoies goung et dunn lass mam eigentleche Programm vun der Rees. Fir en allgemengen Iwwerbléck iwwert Kopenhagen ze kréien hunn mer den éischten Dag mat engem Tour duerch d’Stad ugefaangen an natierlech, wéi sech dat vir eng vun de bekanntste Vëlosstied gehéiert, hunn mer dësen Tour mam Vëlo gemaach. Iwwert déi sëllege Vëlosweeër huet eis den Tour ob vill schéin a bekannte Plaze gefouert a mat eisem Guide krut mer och fir all Attraktioun eng kleng Geschicht erzielt. Mëttes sollt dunn eigentlech den Highlight um Programm stoen, mee leider gouf d’Visitt vun der Müllverbrennungsanlag „CopenHill“ am leschte Moment ouni Grond ofgesot. Dank bëssi Spontanitéit, hunn mer déi Zäit dunn genotzt vir an den Tivoli Vergnügungspark ze goen. An wéi sech dat vir déi munchmol dach bësse verreckt Däne gehéiert ass den einfach matten an der Stad. Den Tivoli war en ganz gudden Ersatz vir déi verpasste Visitt a mir konnten de ganze Mëtte vun deene villen Attraktioune profitéieren. Duerno si mer dunn rëm all zesummen iesse gaangen. Des Kéier stounge klassesch, amerikanesch Burger um Programm, an dat zerwéiert vun enger gebierteger Amerikanerin! Als Ofschloss vum Dag wollte mer dunn nach kuerz d’Nuetsliewen zu Kopenhagen testen. Dobäi huet et déi meescht an eng Karaoke Bar gefouert, wou mer de Kopenhagener méi oder manner gutt gewisen hunn wéi ee richteg sengt. Et huet alt wéinstens den Dag drop net gereent.

Visitt vun engem Metros-Chantier 

Nodeems déi éischt zwee Deeg zu Kopenhagen gepackt waren, ass et Freides Moies rëm monter mam Programm viru gaangen. Nom Café am Hostel ass et Moies als éischt am Schlass Amalienburg lass gaangen. An dësem Schlass konnt een haaptsächlech d’Bijou’en vun der dänescher Kinnigin ukucken, an dozou konnt een sech dann zu all Schmock-Stéck d’Geschicht ulauschteren, wéi d’Kinnigin dëst krut, an zu wéi engen Uläss sinn dës dréit. Niewent de Bijou’en konnt een dann awer och nach de Stammbam vun der dänescher Kinneksfamill ukucken. Aus dësem ass och nach ervirgaangen, wéi eis lëtzebuergesch groussherzoglech Famill an déi dänescher Kinneksfamill zesummenhänken. Nom Mëttegiesse stoung dann eng Visitt vun engem Metros-Chantier um Programm. Nodeems mir hei een Iwwerbléck iwwert dat ganzt Metros-Netz, an de Sënn an Zweck vun der neier Statioun erkläert kruten, gouf et nach eng Sécherheetsuerdnung fir kënnen de Chantier kucken ze goen. Hire Motto erkläert dëst Sécherheetskonzept ganz einfach: “Work safe, home safe”. Wärend der Visitt vum Chantier konnt een sech dann all Eck vun sou enger Statioun ukucken. Fir d’Bauingenieure war et bësse Schued dass d’Bauaarbechte well all ofgeschloss waren, zum Zäitpunkt vun der Visitt waren nëmmen nach elektresch Aarbechten auszeféieren, woubäi een och dovunner leider net vill ze gesi krut. No engem klenge Foto-Shooting op de Schinnen ass et dunn awer och rëm virugaangen. Freides Owes haten sech dunn eenzel Gruppen zesummefonnt fir iessen ze goen. Deen Owend war zu Kopenhagen awer och nach “d’Kopenhagener Kulturnacht”. Hei ware verschidde Platze fir de Public zougänglech, déi am normalen net fir jiddereen op sinn. Hei konnt een e.a. d’Rathaus, eng Kill-Waasserpompstatioun oder al Tierm bewonneren an erkläert kréien.

Samschdegmoies stoung als éischt eng Visitt am Danish Architecture Center um Programm. Haaptattraktioun an dësem Musée war een VR-Brëll deen jiddereen ausprobéieren konnt. Hei war een dann virtuell aus engem Héichhaus op een Träger gaangen wou een riskéiert erofzefalen. Nom Musée sinn mir dann nach eng Kéier an den Fräistaat Christiania kucken gaangen, deen eis jo well vum Vëlostour bekannt war. An deenen Stroossen ass awer keen laang hänken bliwwen, d’Atmosphär do war fir jiddereen speziell, wann een weess dass do eigentlech keng Gesetzer gëllen a keen eppes Passendes fonnt huet, fir säin Honger ze stëllen. No bëssen Fräizäit ass et nomëttes mat enger Visitt am Planetarium virun gaangen. Hei konnt een sech als éischt eng Ausstellung iwwert de Weltall an den Urknall ukucken, éier et mat enger Presentatioun an engem Film virun gaangen ass. Well d’Presentatioun an de Film leider op dänesch waren, hunn mir net vill, bis guer Näischt, verstane. D’Biller déi een sech dozou konnt kucken waren dogéint impressionant…och wann bei deem engen oder aneren d’Aen gaaaanz schwéier gi sinn. Samschdegowes ass et dunn als éischt mat engem gudden Iessen am Restaurant lass gaangen, iert mir all zesummen an eng Bar gaangen sinn, wou mir eis bis an den spéiden Owend gutt amuséiert hunn.

Fotoshooting

Sonndes war dee lëschten offiziellen Dag mat Programm. Moies si mir an de Venner brunche gaangen. Do war vu gefëllten Avocadoe bis Granola-Müsli, Wurschten a Pancakes alles dobäi. Bei dësem Menü konnt keen hongereg rausgoen. Et gouf souguer un „detox“ – Jus geduecht, fir déi Leit, déi dat no de leschte puer Partynuechten néideg haten an de Vitaminhaushalt nees bëssi ze stabiliséieren. No der gudder Stäerkung goung et weider an den Experimentarium Hellerup. Dëst ass dee gréisste Wëssenschaftsmusée a Dänemark. Op 3 Stäck konnte Grouss a Kleng, unhand vu sëllegen interaktiven Experimenter, der Wëssenschaft méi nokommen an sou naturwëssenschaftleche Phenomener souwéi Liicht a Lasertechnik, Energie a Waasser erfuerschen. Um 15 Auer hu mir eng Kanalronnfaart vun enger Stonn gemaach. Fir d’Waardezäit z’iwwerbrécken, hunn divers Memberen d’Geleeënheet genotzt nach ee klenge Fotoshooting virun der Kuliss vum Nyhavn ze maachen; Erënnerungsfotoen däerfe jo schliisslech net feelen. Wärend der Ronnfaart hu mir déi verschidden Haaptsehenswierdegkeete gesinn an de Guide huet eis puer Eckdaten dozou erzielt. Fir zréck war d‘Waasser am Kanal ugestiigen, sou dass mir net ganz zréck fuere konnten. Mir misste virun der leschter Bréck stoe bleiwen an do erausklammen. Mir waren all bëssi verwonnert, dass innerhalb vun enger Stonn d‘Waasser an hirem Kanal sou geklommen ass. Dono sinn déi ganz motivéiert Leit ënnert eis nach op de Svanemolle Beach sech an d’Waasser zappe gaangen. Owes si mir an d’Tivoli Food Halls iesse gaangen. Do konnt jiddereen sech ënnert de sëllege Stänn dat passend raussichen. Vu chineesesch, iwwert dänesch bis hin zu mexikaneschen Iesse war do alles dobäi. Fir de lëschten Dag an och déi ganz Rees gebührend ofzeschléissen si mir an de Proud Mary Pub feiere gaangen.

Méindes war de groussen Depart. Iert déi meescht owes rëm Heem geflu sinn, hu mir moies d’Visitt vun der Verbrennungsanlag nogeholl. Zwar ouni Visitt Guidée, wéi et geplangt war, mee ëmmerhi konnte mir am verglaaste Lift ee Bléck an d’Verbrennungsanlag werfen. Uewen hat een eng Vue iwwert ee groussen Deel vu Kopenhagen. Ausserdeem verfüg d‘Verbrennungsanlag iwwert eng 85m héich Kloterwand an eng 500m laang Skipiste aus gréngem Konschtstoffgrasmatten. Uschléissend si mir nach laanscht den Historesche Musée getrëppelt an hunn eis Militärschëffer an d’U-Boot ugekuckt. Nom Mëttesiessen an den Tivoli Food Halls ass den Zäitpunkt komm fir sech vu Kopenhagen ze verabschiden.

Studentefoire um Belval

Dëst Joer war d’Studentefoire de 27. an 28. Oktober a Presenz um Unicampus um Belval. Dobäi war d’ANEIL déi 2 Deeg mat 5 Leit vertrueden a konnt de zukünftege Studenten hier Froen beäntweren. Ganz egal ob et ëm unitechnesch oder fachlech Froe gaangen ass, konnte mir hinnen beschtméiglech hëllefen. Freidegowes sinn mer dunn och nach zesummen, mat deenen anere Cerclen weider op den Oochener Bal zu Dikrech gaangen.

Save the Dates

13. Dezember 2022: Visitt vun Atomzentral zu Cattenom (FR)

27. Dezember 2022: AG vun der ANEIL