De Meeting ass een traditionellt Event vun der ANEIL, wou Studenten d’Méiglechkeet hu vu verschiddenen Firmen am MINT-Beräich, een Abléck an d’Beruffswelt ze kréien. Et gëtt net nëmme Presentatioune gehaalen mee och d’Geleeënheet mat de verschiddenen Firmen/Partnere bei engem Apero perséinlech schwätzen ze kënnen. Fir ee perfekten Dag dann och gutt ofzeschléisse ze kënnen, gëtt dat ganzt vum bekanntem ANEIL Fräibéier gefollegt.
Falls du also interesséiert wiers un engem, net nëmmen informativem mee och flotten Dag deel zu huelen dann hal dir de Kalenner fir 03.04.2026 fräi.
EYE Neapel
Du bass interesséiert u spannende Visitten, Networking a méi aus der Ingenieurwelt a ganz Europa ze entdecken, dann ass d’EYE genee dat Richtegt fir dech! European Young Engineers (EYE) fënnt dëst Fréijoer zu Neapel statt. Als ANEIL-Member profitéiers du vum gënschtëgen “No Accommodation – EYE Member”- Ticket a kriss uewen drop nach eng finanziell Ënnerstëtzung fir d’Participatioun! Tickete kritt dir ënnert dësem Link. Bei weider Froe kennt dir iech gären un de Comité wenden.
Alpbach Summer School
D’Alpbach Summer School riicht sech u Bachelor-, Master- a PhD-Studenten mat engem wëssenschaftleche oder ingenieurtechneschen Hannergrond. De Programm bitt Studenten d’Méiglechkeet, sech mat aktuelle Froen aus der Space Science a Space Technology ze beschäftegen an international Erfarung ze sammelen.
D’Editioun 2026 ass vum 14. bis den 23. Juli 2026 zu Alpbach ënnert dem Thema High-Energy Process in Planetary Systems.
Dir kënnt iech bis den 1. Mäerz ënnert dësem Link Umellen.
Upcoming Events:
03.04.2026 ANEIL Meeting
03.04 – 04.04.2026 Intercercle
07.05 – 10.05.2026 EYE Neapel
14.07 – 23.07.2026 LSA Summer School



























