
Natierlech giffen mir gären esou vill IngSci Memberen wéi méiglech op eiser Feier vun den 10 Joer Wëssens-Atelier gesin, mee wann Iech dat fir deen Dag nach net duer geet, kënnt Dir och nach un dëser Visitt vun der ANEIL deelhuelen, déi een och kann ofkierzen an um 14h30 verloossen (fir dann um 15 Auer zu Leideleng ze sin).
Dës Visitt gëtt iech net nëmmen en Abléck an ee vun de wichtegste Bauprojeten zu Lëtzebuerg, mee och d’Chance, méi iwwer Lean Management, Prozessoptimiséierung an d’Karriärméiglechkeeten bei Drees & Sommer ze léieren.
Moies start den Event matt engem Workshop zu Munsbach iwwert Lean Management. Weem dat net esou zouseet, kann och nëmmen un der Visite um Kierchbierg deelhuelen, déi um 13:45 ufänkt.
Hei sinn d’Detailer:
📅 Datum: 21. November 2025
📍 Plaz 1: Munsbach – Fir den éischten Deel vum Programm
📍 Plaz 2: Kierchbierg – Fir de Chantier vum Jean Monnet 2
👥 Plazen: 15-20 Persounen
🔹 Programm:
• 09:00 – 09:30 Auer: Begréissung (Munsbach)
• 09:30 – 10:00 Auer: Présentatioun vu Drees & Sommer – Wien si mir? Wat maache mir? (Munsbach)
• 10:00 – 12:00 Auer: Virtrag iwwer Lean Management & Prozessoptimiséierung + Lean-Spill (Munsbach)
• 11:30 – 12:30 Auer: Lunch & Networking (Munsbach)
• 12:00 – 13:15 Auer: Karriärméiglechkeeten bei Drees & Sommer + Q&A (Munsbach)
• 13:45 – 16:00 Auer (resp. 14:30 Auer): Chantiers-Visitt vum Jean Monnet 2 & Ofschloss (Kierchbierg)
Dëst ass eng super Geleeënheet, fir direkt mat Experten aus der Branche an d’Gespréich ze kommen an nei Kontakter ze knëppen.
👉 D’Plazen si limitéiert – séchert iech elo är Plaz!
Mir freeën eis op är Präsenz!
📅 Umeldungs-Deadline: 07.11.2025, 18 Auer
➡️ Umeldung iwwer dëse Link



























