Thursday September 24th, 2026

ANEIL am Summer – Réckbléck op zwou flott Aktivitéiten

Sorry, this entry is only available in Français.

Visitt beim SEBES

D’Aneil hat de 17. Juli d’Chance, déi nei SEBES  Waasseropbereedungsanlag zu Eschduerf um Stauséi kucken ze goen. D’SEBES, de Syndicat des Eaux du Barrage d’Esch-sur-Sûre, ass verantwortlech fir 90% vun der Drénkwaasserversuergung zu Lëtzebuerg an huet eis spannend Ablécker ginn an d’Demarchë vun der Drénkwaasserversuergung hei am Land sou wéi d’Waasseropbereedung.

D’Aneil seet der SEBES Merci fir dës flott Visitt, déi och fir déi net vun dem Sujet concernéiert Studenten ënnert eis ganz interessant war.

Fouerpatt mat den anere Fachspezifesche Cerclen

E Freideg, den 28. August, huet den ANEIL-Fouerpatt zesumme mat eise Kolleegen aus verschiddene fachspezifesche Cerclë stattfonnt.

Um 18:00 Auer hu mir eis matt de Cerclen ALEM, ANELD, ANESEC an ALESPS beim Schwarzwaldhaus op der Fouer getraff. No enger kuerzer Schauer huet sech d’Wieder, wéi bestallt, nees gebessert, an esou konnte mir den Owend an engem gemittleche Kader bei deem engen oder anere Patt zesummen ausklénge loossen.

Mir freeën eis, déi gutt Relatiounen tëscht de fachspezifesche Cerclen och an Zukunft duerch gemeinsam Eventer oprecht ze erhalen.