Thursday March 26th, 2026

An de Medien gëtt iwwer eis geschwat

Sorry, this entry is only available in Français.

Den Thierry Flies, President vun der Association des Ingénieurs et Scientifiques du Luxembourg, war e Mëttwoch, de 4. Mäerz, als Invité bei RTL am Kader vum Welt-Ingenieursdag fir nohalteg Entwécklung.Obwuel d’Ingenieurswiesen zu de Beruffer vun der Zukunft gehéiert, feelt et nach ëmmer u genuch Leit, déi sech fir dëse Beräich entscheeden. Lëtzebuerg muss dofir säin Netz breet opspanen, fir Talenter unzezéien – an och dem Brain Drain entgéintzewierken.

Den Thierry Flies huet dobäi op eng Etüd higewisen, déi vun der Fondation IDEA realiséiert gouf, an déi glécklecherweis weist dass mir no vir kommen, matt méi Studenten an deem Beräich an och méi Fraen, déi des Fächer studéieren.

De Wëssens-Atelier, deen aktuell seng Aktivitéiten ausbaut, ass ee vun den Instrumenter, déi d’Associatioun notzt, fir d’Ingenieurs- a Wëssenschaftsberuffer ze fërderen an d’Interessi u Wëssenschaft an Technologie bei jonke Leit ze stäerken. Am Kontext vun den Erausfuerderunge ronderëm d’kënschtlech Intelligenz – déi éischter als Verbündeten ewéi als Géigner ze verstoen ass – huet den Thierry Flies d’zentral Roll vun den Ingenieuren ënnerstrach, déi nieft technesche Kompetenzen och sozial Fäegkeete matbréngen.

👉Kuck hei: https://play.rtl.lu/shows/lb/invite-vun-der-redaktioun/episodes/r/2628411?mediatype=video

E grousse Reportage am De Magazin (RTL)

Fir d’Geleeënheet vum Welt-Ingenieursdag fir nohalteg Entwécklung huet d’Ekipp vum RTL Magazin Ingenieurinne getraff, déi ënner anerem iwwer d’Plaz vun de Fraen an hirem Beruff schwätzen. Mir sinn nach wäit vun enger Paritéit ewech, mee et gëtt Fortschrëtter an d’Mentalitéiten änneren sech lues a lues.

Fir an déi Richtung weiderzekommen, huet d’Direktesch vun der Associatioun vun den Ingénieurs et Scientifiques du Luxembourg, Anne Marmann, op Initiativen ewéi eise Wëssens-Atelier higewisen. Dës brénge Meedercher a Jongen op déi selwecht Ausgangsbasis, wann et drëms geet technesch Montagen ze realiséieren, an droen dozou bäi, Geschlechterklischeeën ofzebauen.

👉De ganze Reportage fannt Dir ënnert dësem Link: https://www.rtl.lu/news/panorama/et-soll-ee-keng-angscht-hunn-dass-et-e-mannerberuff-ass-147838216