Donnerstag, der 27. November 2025

Wéi Schüler an nei Membere méi vun eis kënne gewuer ginn

Leider ist der Eintrag nur auf Français verfügbar.

Studentefoire 2025

Den 30. an 31. Oktober war d’ANEIL op der Studentefoire zu Belval mat engem Informatiounsstand vertrueden. Do hu mir eis Associatioun an eis Aktivitéiten virgestallt an de Schüler*innen d’Méiglechkeet ginn, sech iwwer d’MINT-Studieberäicher ze informéieren an gezielt Froen ze stellen.

Et koum zu engem ganz flotte, oppene Gespréichsaustausch mat ville spannende Froen an Iddien. Een däitlecht Interessi vun de Schüler*innen konnt een dobäi gesinn – net nëmmen un de Studieweeër selwer, mee och un der Roll vun der ANEIL, zum Beispill am Beräich Orientatioun, Stagen an Zukunftsperspektiven um Aarbechtsmarché.

Als klenge Merci hu mir och e puer Gadgeten verdeelt, fir de Stand nach e bëssen interaktiver a méi memorabel ze maachen.

Mir freeën eis drop, och an Zukunft un esou Eventer deelzehuelen an de Kontakt mat interesséierten Jonken weider auszebauen.

Schüler-Newsletter

Du bass Schüler*in an interesséiers dech fir e wëssenschaftlecht Studium? Dann mell dech bei eisem Schüler-Newsletter un. Am Newsletter kriss du einfach an iwwersiichtlech all wichteg Informatiounen zu dengem Umellungsprozess, dengem Start an de Studium an och Ënnerstëtzung fir d’Sich no enger Stageplaz. Zousätzlech hale mir dech iwwer eis Eventer oder Aluedungen zu Visitte bei nationalen a internationalen Firmen um Lafenden.

Aschreiwung fannt dir hei: https://member.aneil.lu/?p=subscribe&id=3

Welcome Day

Léif ANEIL-Memberen,

Heimat invitéiere mir iech häerzlech op eisen alleréischten Welcome Day!
Dëse fënnt den 20. Dezember am Forum Da Vinci statt an ass en Event, bei deem eis nei Memberen d’ANEIL besser kenneléieren an och ënnertenee Kontakter knäppe kënnen. Natierlech ass dëst Event och fir all aner Member eppes!

De Welcome Day start mat engem Brunch, sou datt ee sech bei engem gemittleche Patt mat Kolleg:innen aus anere Stied austausche kann. Uschléissend fënnt eis Assemblée Générale statt, bei där mir de Resumé vum Joer maachen an een Ausbléck op dat nächst Joer ginn.

Mee och no der AG ass dësen Dag nach net eriwwer, mat eisem ANEIL Pubquiz schléisse mir de Programm a gudder Stëmmung of! Hei kenn dir a Gruppen zu maximal 5 Leit (Aneil’s Memberen si prioritär) äert Wëssen an ënnerschiddleche Kategorien austesten a mat bësse Chance flott Präisser gewannen. Fir dass mir och sécher sinn, dass der optaucht froe mir eng Kautioun vu 25€ pro Grupp déi duerno zréckbezuelt gëtt.

Auerzäite vum Dag:

Brunch: 10:00 – 12:30
Assemblée Générale: 12:45 – 15:00
ANEIL Pubquiz: 15:30 – open end

D’Umeldung fir de Brunch fannt dir ënnert dësem Message.

https://forms.office.com/Pages/ResponsePage.aspx?id=KxyCFBeXrk2AkFyPN5NjsRK8jo2gJndCjMnGQVC-15NUNDdCVVhCMlk4TU00V0xQRDg4MTlDMkdCQyQlQCN0PWcu

D’Umeldung fir de Pubquiz fannt dir ënnert dësem Message

https://forms.office.com/Pages/ResponsePage.aspx?id=KxyCFBeXrk2AkFyPN5NjsRK8jo2gJndCjMnGQVC-15NUQTBUT0tUN1g3SEFURFQ4WjRVQ0M1UTBTUiQlQCN0PWcu

Mir freeën eis drop, vill vun iech do ze gesinn !