Vu Lissabon bis op Kopenhagen, d’Aneil ass iwwerall um Dill!

Leider ist der Eintrag nur auf Französisch verfügbar.

No der flotter Table Ronde an dem Ingenieursbaal, de 15. Abrëll an der Schéiss um Belair, huet de Comité vun der ANEIL sech fir zwee Deeg zu Wolz getraff, fir déi kommend Evenementer an d’ Ausriichtung vun der ANEIL ze konkretiséieren. Am Mëttelpunkt stoungen dobäi kommend Visitten, d’ Rees an awer eng Rei aner Themen. Deementspriechend kënne mir iech un dëser Platz follgend Rendezvous mat op de Wee ginn:

EYE Spring 2022 – Lisabon
De 5. Mee ass eng Equipe vu 5 Memberen vun der ANEIL ob Lissabon geflunn fir un der Fréijoerskonferenz vun der EYE (European Young Engineers) Deel ze huelen. Lass goung et mat der Aschreiwung am Gebai vun dem Portugiseschen Uerder vun den Ingenieuren, vu wou aus mer du weider gefuer sinn bei d’Ageas Seguros, enger Assurancëgesellschaft déi Ingenieuren verséchert. Hei goufen mer an hirem neien Gebai ob der Daachterrass mat herrlecher Vue iwwer Lissabon Wëllkomme geheescht, an d’Konferenz gouf offiziell lancéiert. Nieft diverse Rieden kruten mer awer och d’Méiglechkeet hiert Gebai ze besichtegen an konnten bei engem Cocktail mat de Participanten vun der Konferenz an d’Gespréich kommen.

Freides goung et du weider mat technesche Visitten, wou jidderee säi Favorit huet missen auswielen. Zur Auswiel stoungen Aralab, eng Firma déi Klimakammeren hierstellt, eng Visitt vun engem Aqueduc aus dem 18. Joerhonnert, enger Werft vu Lisnave, d’Pabeierfabrick vun Navigator an der Pilar 7 Bridge Experience, wou een méi iwwert de Bau vun engem vun de Wouerzeechen vu Lissabon, dem Ponte 25 de Abril konnt gewuer ginn.

No engem gemeinsame Picknick am Park bei schéinstem Wieder gouf dunn déi offiziell Opening Ceremony ofgehalen. Weider goung et mat engem Panel wou verschidden Ingenieuren iwwert den Impakt vun hirer Aarbecht ob d’Ëmwelt geschwat hunn, respektiv enger Simulatioun iwwert den Impakt vun verschidden Innovatiounen ob d’Klima mat Hëllef vum En-ROADS Simulator. Als Ofschloss vum 2. Dach goufen dann nach d’Präisser vun engem vun Audi mat der EYE zesummen organiséierten Hackathon iwwerreecht.

Den 3. Dach stoung ganz am Zeeche vu verschiddenen Themen zu deenen et Panels a Workshops gouf:

  • Mobilitéit a Smart Citéen
  • Circular Economy
  • Waasserstoff an Energie Transitioun
  • de BIM a seng Méiglechkeeten.

Ofgeschloss gouf den Dach mat engem Galadinner an engem historesche Gebai vum Roude Kräiz, wou dann och déi offiziell Closing Ceremony war.

No dem offizielle Programm si mer Owes natierlech och zesumme mat deenen anere Participanten d’Nuetsliewen vun Lissabon entdecke gaangen.

Sonndes konnt een dann nach un engem Rallye duerch Lissabon Deel huelen, fir e bësse méi vun der Stad kennen ze gesinn. Parallel war awer och de Council Meeting vun der EYE, wou d‘Aarbecht vun de leschte Méint virgestallt gouf, an en neie Comité gewielt ginn ass.

No där ganz flotter Konferenz hu mir eis als ANEIL iwwerluecht, dass et nawell och ganz flott wier emol esou eng Konferenz zu Lëtzebuerg ze organiséieren, an hunn elo ugefaangen d’Méiglechkeeten ze sondéieren esou eng Konferenz am spéide Fréijoer 2024 ze organiséieren.

De 17. Juni ass dann eng Visitt vun den Domaines Vinsmoselle zu Wellestee geplangt. Bei der Visitt ginn d’ Wéngerten an d’ Kellerei gewisen an anschließend 6 verschidde Wäiner geschmaacht.

Save the dates:

  • 17.10.2022: Rees op Kopenhagen, Dänemark
  • 11.2022: Faarwefabrik Peintures Robin zu Useldeng
E Souvenir vu Lissabon: Charel Muller, Polina Bashlay, Sven Bettendorf,
Charly Huberty, Michel Sun