Studentebal & Schroeder Awards an Visitt

Leider ist der Eintrag nur auf Französisch verfügbar.

Um Owend vum 8. August war d’ANEIL souwuel bei der ACEL um Studentebal, wéi och bei Schroeder et Associés op Besuch.

De Bureau d’Études Schroeder & Associés huet op den Schroeder Award agelueden, bei deem exzellent akademesch Studien- an Ofschlossaarbechten am Beräich vun der Bauindustrie ausgezeechent ginn. Dobäi goufen d’Léa MERTENS GOEDERT, de Fabien SCHANET an de Felix BAUER mam Schroeder Award 2022 dekoréiert. De Special Price 2022 ass un d’Andreia CARDOSO ALVES gaangen. Mir felicitéieren allen Gewënner un dëser Platz an wënschen hinnen vill Succès an Freed un der Poursuite vun hirer akademescher Lafbunn. Uschléissend huet Schroeder & Associés d’Memberen vun der ANEIL op eng Visitt vun hirem neie Gebai vum Siège social op der Kockelscheier an en BBQ agelueden.

Gläichzäiteg huet d’ANEIL ab 20h00 feierfreedeg Leit un hirem Stand um Studentebal vun der ACEL begréisst. Et war déi éischte Kéier, dass d’ANEIL ee Stand do hat. Zesummen mat de lokalen Cercle vun der Lëtzebuerger Studenten zu Bréissel a Léck hunn mir dofir gesuergt, dass d’ Strass ëmmer geschmiert war. Am Viraus gouf e Video mat deen aneren 2 Cerclen produzéiert an domat konnte mir eng gutt zweete Platz am “Clash of Comptoires” beleeën. Egal ob et eng Bombe Bleue oder een (oder och méi) Nimm2Shoten waren, d’ Stëmmung wor bombastesch an et gouf duerchgefeiert, bis um hallwer véier di läscht Nachtschwärmer vun der “Wiss nieft dem Bouillon” gekiert goufen.