Donnerstag, der 27. November 2025

Een aktiven Hierscht, op der LISE an um Science Festival

Leider ist der Eintrag nur auf Français verfügbar.

De Wëssens-Atelier war am Hierscht 2025 erëm aktiv involvéiert bei zwee gréissere Lëtzebuerger Wëssenschaftsevenementer: der Luxembourg International Science Expo (LISE) an dem Science Festival.

D’LISE gëtt all Joer organiséiert vun der Fondation Jeunes Scientifiques Luxembourg a bréngt jonk Nowuess-Fuerscherinnen a -Fuerscher aus Lëtzebuerg an dem Ausland zesummen. Hei presentéieren si hir Projeten aus de Beräicher Naturwëssenschaften, Technik, Ingenieurwiesen an Innovatioun.

D’Ekipp vum Wëssens-Atelier huet dëst Evenement elo schonn am zweete Joer ënnerstëtzt. Dëst a Form vun engem Stand, wou et net theoretesch, mee ganz praktesch zougeet. Hei konnten esou wuel d’Participante vun der LISE wéi och Schüler aus de Lycéeën, déi op Besuch kommen, a klassescher Wëssens-Atelier Manéier, Wëssenschaft an Technik duerch handwierklech Challengen erfuerschen. Dëst Joer war de Motto “creative soldering” an déi Jonk hu mam Léiteisen eege Skulpturen aus Drot zesummegeléit.

Bärenstark : so macht man sich das Leben leichter

Och bei der 15. Editioun vum Science Festival, organiséiert all zwee Joer an der Abtei Neimünster vum Naturmusée a vum FNR, war d’Ekipp vum Wëssens-Atelier nees dobäi. De Science Festival ass ee vun deene grousse regionale Wëssenschaftsevenementer an zitt iwwert 4 Deeg ganz vill Schoulklassen a Kanner matt hiren Elteren un.

Eise Stand stoung dëst Joer ënnert dem Motto „Super costaud – petits efforts, grands effets / Bärenstark – so macht man sich das Leben leichter“. Klassesch mechanesch Grondelementer wéi Fläschenzuch, Iwwersetzungen oder den Hieweleffekt goufen bei eis ganz interaktiv un d’Kanner bruecht, z.B. doduerch dass si hiert eegent Kierpergewiicht konnten eropzéien oder probéiere wéi ee matt esou mann Kraaft wéi méiglech Neel aus engem Holzklotz kann zéien.

Dat koum beim jonke Public ganz gutt un an mir freeën eis schonn op déi nächsten Editioun!

Eis Ekipp um Science Festival: