D’Zäit vun der Studieninformatioun (SI)

Leider ist der Eintrag nur auf Französisch verfügbar.

Am Februar an am Mäerz si mir uechtert d’ganz Land ënnerwee, fir an de Lycéeën den zukünftege Student_innen Informatiounen zur ANEIL an zu deenen eenzele Fächer am MINT-Beräich ze ginn. Fir eis sinn dëst wichteg Rendezvousen, wou mir d’Méiglechkeet hunn Schüler_inne fir de Beruff vum Ingenieur ze begeeschteren. Niewent der Werbung déi mir fir d’ANEIL kënnen op dëse Plaze maachen, ass et fir eis och immens wichteg erauszefanne wat fir Froen sech déi zukünfteg Student_inne stellen, fir dass mir eist Informatiounsmaterial ëmmer uptodate kënnen halen. Et ass net einfach am Dschungel vun deene ville Studienangeboter, Unisstied a Verdéiwungen eens ze ginn. D’Panoplie u Froen, déi mir reegelméisseg bei dësen Occasioune gestallt kréie si ganz breet gefächert. An éischter Instanz kommen oft Froe wéi „Kann ee mat enger 1ière Technique och een Ingenieursstudium ugoen ? », « Wat ass een Ingenieur ? » oder « Wat mëscht een Ingenieur ? ». An der nächster Etappen ass et da wichteg sech Froe wéi « Wéi gesäit den Ingenieursstudium am franséisch sproochege Beräich aus ? », « Wéi vill Mathé hutt een do ? » oder « Wat ass den Ënnerscheed tëschent engem Ingenieursberäich an engem anere Beräich ? »

Eng Delegatioun vun Comitésmemberen, déi sech fir d’SI asetzt. (Foto: Justine Welter)

An deem Kader wëlle mir Iech och nach eng Kéier op d’Videos-Campagne déi mir d’lescht Joer publizéiert hunn, opmierksam maachen. An insgesamt 8 Videoe gëtt eng Kéier déi ganz Panoplie u Beruffer, an am Detail d’Aarbecht vum Architekt, Bauingenieur, Chemiker, Elektroingenieur, Maschinnebauingenieur, Mathematiker, Informatiker a Physiker attraktiv virgestallt.

Niewentdeems si mir amgaangen d’Table Ronde ze preparéieren, a géifen eis freeën Iech zuelräich op dëser Plaz kënnen ze empfänken. Niewent de Presentatioune vun eise Partner, ass dëst eng wichteg Occasioun fir den Austausch tëschent de Student_innen an dem Aarbechtsmarché. Och dëst Joer bidde mir d’Servicer vun engem professionelle Fotograph fir CV’s Fotoen an eng Lektorin, déi Tipps an Tricks zum Inhalt vum CV gëtt.

Saves the Dates

  • 7. Abrëll 2023: ANEIL Table ronde & Ingenieursbal am Centre culturel Schéiss um Belair
  • 11. – bis de 14. Mee 2023: EYE – European Young Engineers zu Den Haag, NL
  • 14. Juli 2023: ACEL Studentebal, P+R Bouillon